De franséische President Emmanuel Macron sot, de Sommet sollt hëllefe fir Europa méi kompetitiv an deem Secteur ze maachen.
Net dobäi sinn déi US-amerikanesch Spacefirmen SpaceX vum Elon Musk, grad ewéi Blue Origin vum Jeff Bezos. Si hunn ofgesot, nodeems d'Wäisst Haus sot, den Agenda vum Sommet zu Paräis wier ze vill europäesch an huet den US-Entreprisen ofgeroden, um Sommet deelzehuelen.