Beim Attentat e Samschdegowend hat hien eng Fra ëmbruecht an 29 weider Leit zum Deel schwéier blesséiert.
Bal 24-Stonne-laang Sich
Géint 18 Auer gëschter Owend ass d’Sich nom presuméierten Attentäter vu Berlin op en Enn gaangen. An der Parzell Nummer 46 vun enger Schrebergaart-Anlag zu Spandau, am Weste vun der däitscher Haaptstad, huet eng Spezialunitéit de Mann confrontéiert – an erschoss.
De Bundeskanzler Friedrich Merz huet d’Gesellschaft am Ree vu Berlin dozou opgeruff, sech net intimidéieren ze loossen.
"Diese Taten haben nur einen Zweck. Sie wollen unsere Gesellschaft spalten, sie wollen uns das Wichtigste nehmen, was wir haben, nämlich unsere Offenheit und unsere Freiheit."
Beim Attentat e Samschdegowend war de presuméierten Täter mat engem Auto a Leit gerannt, déi am Kader vum Christopher Street Day gefeiert hunn – fir d’Rechter a géint d’Diskriminéierung vu queere Persounen.
Den Attentäter war der Police bekannt an als méiglech Gefor identifizéiert
Deen 21 Joer alen Abdull B. ass an Däitschland gebuer an hat déi däitsch Nationalitéit. Hie war den Autoritéiten als Extremist bekannt an hat d'lescht Joer probéiert sech dem Islamesche Staat unzeschléissen, war awer am Libanon festgeholl ginn. Am November d'lescht Joer gouf hien zeréck an Däitschland bruecht a war am Mee do verurteelt ginn – allerdéngs just op Sursis.
"In der Tat wird zurzeit sehr die Frage danach gestellt, wie kann eigentlich bei jemandem, den man als Gefährder identifiziert, eine Strafe zur Bewährung ausgesetzt werden. Auch dem wird detailliert nachgegangen."
Dat sot den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt gëschter Owend an der ARD. All déi Froe sollen an de nächste Wochen an Deeg gekläert ginn. D’Bundesanwaltschaft huet d’Ermëttlungen zur Terrorattack iwwerholl.