Dëst huet och Konsequenzen op Entreprisen. Elo misst en Ëmdenke kommen.
Bis zu 3/4 manner Fracht
D'Waasserstänn leien den Ament op verschiddene Plazen 20 bis 30 Zentimeter ënner de Referenzwäerter. Besonnesch kritesch ass d'Situatioun am Beräich vun der Stad Kaub bei der Loreley. D'Schëffer fueren, mee kënnen däitlech manner schwéier beluede ginn, esou de Raphaël Wisselmann, Directeur adjoint vum technesche Service vun der Rhäin-Kommissioun.
“Là-bas, nous avons des niveaux d'eau, des profondeurs disponibles qui sont en dessous de 1 ,90 m et donc concrètement ça veut dire que certains bateaux ne peuvent plus que charger à peu près 50 à 25 pourcent de leur capacité."
Doduerch, datt d’Schëffer manner beluede sinn, ginn automatesch d’Käschte vum Transport an d’Luucht. Momentan soll et och an den nächsten zwou Wochen net vill reenen, wat déi gesamt Situatioun verlängert.
Transport gëtt fir d'Betriber weesentlech méi deier
Méi Entreprisë ginn dowéinst de Wee dass se méi Wueren oder Matière première bei sech kënne stockéieren. Fir verschidde wichteg Wuere kann eng Liwwerketten net ënnerbrach ginn an den Transport muss weider goen, och wann et méi deier gëtt. De Raphaël Wisselmann erkläert, datt et eng Saach vu Prioritéiten ass.
"Seuls certains types de produits qui s'insèrent dans une chaîne logistique complète, où on ne peut pas décaler d'une semaine, de deux semaines ou de trois semaines le transport, ceux-là, ces produits-là, nécessitent de continuer à être transportés pour ne pas rompre la chaîne logistique. Mais d'autres entreprises, elles, se sont plus adaptées et ont stocké soit des produits bruts pour pouvoir continuer à faire leur leur production, soit des produits finis sur site."
Kënne méi breet Booter hëllefräich sinn?
Fir sech och an Zukunft besser un esou Situatiounen unzepassen, gëtt op verschidde Piste gesat. Nieft dem Stockéiere wieren ëmmer méi genee Prognose wichteg. Mee et misst een och weider denken, sou den Directeur adjoint vum technesche Service vun der Rhäin-Kommissioun:
"Très souvent, on pense à améliorer l'infrastructure en se disant pour éviter que ça arrive, on creuse le fonds de la rivière. L'Allemagne a un projet pour améliorer les conditions de navigation en travaillant sur l'infrastructure. Mais un deuxième axe, c'est aussi de travailler sur les bateaux. Aujourd 'hui, certaines sociétés ont fait construire des bateaux plus larges. Et donc, quand ils sont plus larges, ils s'enfoncent moins."
Op der Musel ginn et keng Problemer mat nidderege Waasserstänn. D’Schëffer déi vum Rhäin komme wiere manner belueden, mee och déi, déi vun der Musel an de Rhäin fueren, kéinten net mat der gewinnter Kapazitéit Wueren transportéieren.
A well den Transport op béide Flëss openeen ugewisen ass, kënnen déi méi héich Transportkäschten um Rhäin also och Auswierkungen op d'Versuergung iwwer d'Musel hunn.