Dubai wäert bis d’Fuesen 2027 an Abu Dhabi bis den Oktober d’nächst Joer net vun der Luxair ugeflu ginn: Dat huet de Gilles Feith, Generaldirekter vun der nationaler Fluggesellschaft, am 100,7-Interview ugekënnegt.
Alles an allem seet de Gilles Feith, datt et bis ewell e “schwieregt” kommerziellt Joer fir déi eenzeg Lëtzebuerg Passagéier-Fluchgesellschaft gewiescht wier. Zwar hätt ee kee Problem mam Kerosin gehat. Mee well bei verschiddenen Destinatiounen d’Nofro zréckgaange wier, rechent Luxair mat sechs bis siwe Prozent manner Ëmsaz wéi geplangt.
Wat awer positiv ass, dat ass, datt elo wou d'Temperaturen hei zu Lëtzebuerg e bëssen erofginn an och e bësse Ree kënnt, datt d'Leit dann elo awer den Indian Summer, wéi mer deen nennen, an d'Ae gefaasst hunn an do gesi mer d'Buchunge liicht eropgoen.
De Luxair-Generaldirekter hofft am Hierscht an am Wanter en Deel vun de Pertë kënnen ze recuperéieren.
Bis 2030 "ass kee Fliger méi do deen haut flitt"
De leschte Freideg hat d’Luxair zwee nei Fligere vum Typ Boeing 737-8 presentéiert. Déi zwou Maschinne solle méi al Fligeren ersetzen.
Déi Maschinnen hei, déi spueren eis ongeféier 1,4 bis 1,5 Milliounen Euro u Kerosinskäschten an CO2-Käschte pro Joer.
D’Luxair huet nach zwou weider Boeing 737-8 bestallt. No der Erneierung vun der Flott huet d’Luxair zwielef Fligere vu Boeing an néng vun Embraer. Et hätt een och nach Optioune fir dräi weider Fligeren ze bestellen, huet de Gilles Feith erkläert.
Dëst Joer kommen der zwou, d'nächst Joer kommen der véier, dann 2028 kommen der nach an esou virun, bis dann an der Mëtt vun den 2030er Joren, kee Fliger, deen haut nach do ass, iwwerhaapt nach flitt.
An der Vergaangenheet hat et eng Partie Virfäll mat 737-Fligere vu Boeing ginn. D’Luxair hätt hiert Engagement par Rapport zu Boeing awer dofir ni a Fro gestallt. De Luxair-Generaldirekter huet betount, datt d’Fligere vill géife kontrolléiert ginn. Donieft hätt d’Boeing méi séier kënne liwwere wéi aner Produzenten.
A wat heescht dat dann, een anere Flottentyp anzebréngen. Mir hunn dat elo mam Embraer. Ee Pilot, dee muss nei op en neie Fliger trainéiert ginn, dat sinn dräi Méint.
Fir d’Luxair wieren doduerch vill Käschten entstanen, déi een net gepackt hätt, esou de Gilles Feith.
Vol an d’USA war fir Luxair keng Optioun
D'US-Gesellschaft United Airlines huet annoncéiert vun Abrëll 2027 un en direkte Vol tëscht Lëtzebuerg an Newark, direkt bei New York, op d’Been ze stellen. De Luxair-Generaldirekter huet dat begréisst a wëll sech mat de Responsabele vun der US-amerikanescher Airline a Kontakt setzen.
Fir hinnen och dann ze hëllefen an eventuell fir dann och Leit ze fannen, déi da mat der Luxair op Lëtzebuerg kommen an da weiderfléien an Amerika oder eebe mat der United op Lëtzebuerg an dann op eisem Reseau weider.
United Airlines wier e gudde Partner, well si – grad ewéi Luxair – Deel vu Star Alliance sinn, engem Verband vu verschiddene Fluchgesellschaften.
Selwer e Vol an d’USA ze organiséiere wier fir d’Luxair ni eng Optioun gewiescht, esou de Gilles Feith.
Mir hunn och déi Fligeren net, fir an dësem Moment international Verbindungen unzebidden.
D'Luxair wier eng regional Fluchgesellschaft a si géif sech dorop konzentréieren, esou hire Generaldirekter.
Luxair denkt iwwer nei Destinatiounen no
Bei der Luxair géif een iwwerleeë méi Verbindungen an nordesch Länner ze maachen, sot de Luxair-Generaldirekter. Och Edinburgh a Manchester wieren den Ament beléift Destinatiounen. Albanien wier eng Destinatioun, déi vun der Luxair géif gepréift ginn.
Doduerch, datt Fligeren déi nächst Méint net gebraucht gi fir op Dubai an Abu Dhabi ze fléien, kéint een nei Routen opmaachen oder d’Frequenz bei verschidden Destinatiounen an d’Luucht setzen.