Grossisten

Héich Präisser duerch d'Dréchent bei Liewensmëttel dierften net "dramatiséiert" ginn

Wéinst dem dréchene Wieder dëse Summer a den entspriechend schlechte Recoltë klammen d'Präisser bei verschiddene Liewensmëttel. Hei am Land spieren d'Grossisten dat virop bei eenzelne Geméiszorten, seet de Co-Gérant vun der Provençale, Georges Eischen, am 100,7-Interview. 

auto_stories

1 min

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Beim Uebst an och beim Fleesch gesäit een den Ament kaum Präishaussen.

De Georges Eischen betount nach, datt déi aktuell Präisser just eng Momentopnam wieren - et dierft een net dramatiséieren, seet hien. Nach wier zum Beispill net kloer, wéi grouss de Schued duerch d'Dréchent an de südeuropäesche Länner wier. 

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Georges Eischen