Am Conseil de gouvernement ass donieft e Projet de loi guttgeheescht ginn, deen de Kaf vu Munitiounsstocke fir d’Arméi virgesäit. Et gouf och gréng Luucht fir de Projet de règlement grand-ducal, deen d’Participatioun vun der Arméi, un der militärescher Ënnerstëtzungsmissioun fir d’Ukrain bis Dezember 2028, ugeet.
Reamenagement vum Camping um Escher Gaalgebierg
Doriwwer eraus gouf decidéiert, datt am Kader vum - mëttlerweil schonn eeleftem - Fënnefjoresplang fir d’Tourismusinfrastruktur, de Camping um Escher Gaalgebierg reamenagéieren an nei Bamhaiser am Escher Déierepark bauen ze loossen.