Parlamentaresch Fro

Léon Gloden erkläert, firwat hie bei Policepatrull eng kugelsécher West unhat

Den CSV-Inneminister Léon Gloden gëtt an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP weider Erklärungen dozou, firwat hien d'lescht Woch bei enger Policepatrull am Stater Garer Quartier eng kugelsécher West unhat.

auto_stories

1 min

Léon Gloden mat kugelsécherer West  | © Screenshot aus dem Instagram-Video
Léon Gloden mat kugelsécherer West (Foto: Screenshot aus dem Instagram-Video)

Dem Minister no hätt hien d'Patrull vun 22 Auer un ënnert reelle Konditioune begleet. Wann d'Patrull wärend där Zäit fir eng Interventioun geruff gi wier, hätt hien d'Beamten och dobäi begleet.

Recommandatioun vun der Police

Dofir hätt hien op Demande vun der Police an op Recommandatioun vu sengem Sécherheetsagent eng kugelsécher West ugedoen.

De Léon Gloden preziséiert, datt d'Police bei enger Participatioun un enger Patrull ënnert reelle Konditiounen all Persoun géif roden, eng kugelsécher West unzedoen. Jidderee kéint zwar selwer decidéieren, ob en där Recommandatioun nokënnt. Als Policeminister wier et fir hien awer evident gewiescht, dës Recommandatioun ze befollegen.