Och an de nächsten Deeg a Woche bléiwen d'Temperature weider héich an de Néierschlag geréng. De President vum Landesuerbstveräin de Jean-Claude Muller huet am 100,7 Interview betount datt dee ganze Secteur ënnert der Dréchent leit. Hie bedauert datt déi Léisungen, déi ee viru fënnef Joer proposéiert hat, nämlech regional Basengen opzeriichten, bis elo net realiséiert huet. Dobäi géif et schonn eng sëllege Pilotprojete ginn.
Mir hunn déi Pilotprojeten, déi nach ëmmer sou do ronderëm schwiewen, déi si jo haaptsächlech axéiert op de Stockage vum Waasser."
Waasser opfänke wann et am Iwwerfloss do ass
Hei géifen et d'Doleance ginn, esou de Jean-Claude Muller. D'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wier awer ganz oppen, si wier net den "Zünglein an der Waage", well si géif op der richteger Säit vun der Wo stoen.
"Ech wëll dat mol soen, Stockage vu Waasser - wann et en Abondance do ass - ob een dat dee Moment vläicht aus enger Baach hëlt, wa se vill Waasser féiert, ob ee Reewaasser, wat een duerch iergende Moyen opfänkt vun Diecher oder vun Uewerfläche Waasser, wat ee stockéiert. An Zäiten, wou es vill fält, ass egal."
Et misst ee Waasser kënne stockéieren, dat an Zäite wou et eebe vill reent, fir datt wann een es da brauch, dann een dann net muss un esou wäertvoll Ressource wéi Drénkwaasser goen.
Déi extrem Dréchent war, nieft dem Resultat vum Landwirtschafts dësch, Thema op der Generalversammlung vun der Landes-Uebstbau-Vereenegung.