Wirtschaft

Handelssträit eskaléiert: USA decidéieren Importverbuet fir kanadesch Produiten

Den Handelskrich tëschent den USA a Kanada eskaléiert weider: D‘USA hunn elo Importverbueter vu kanadesche Produiten annoncéiert. Déi meescht kanadesch Alkohol- a Mëllechproduiten dierfen deemno vun Enn September u guer net méi an d‘USA importéiert ginn, huet d‘Wäisst Haus matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Mark Spowart
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Mark Spowart)

Och Motorrieder aus Kanada falen ënner deen Importverbuet. 

Déi zwee Länner hate virdru scho géigesäiteg Stroftaxe vu 50 Prozent op ville Produiten agefouert. Dat nodeems d‘Handelsgespréicher viru ronn dräi Woche gescheitert waren.