Op enger Kaart vun de grousse Séien tëschent den zwee Nopeschlänner stoung, grouss an a rout geschriwwen, "Amerika-Séi".
D’Äntwert vum kanadesche Premier huet net laang op sech waarde gelooss. Den Ontario-Séi géif haut a fir ëmmer esou heeschen, esou de Mark Carney, op Franséisch, op X.
D’Kanadier:inne wéissten, datt ee Saache bei hirem Numm nenne sollt, an de Séi géif nun emol Ontario-Séi heeschen. An dat schonn zënter 400 Joer, spréch laang virun der Onofhängkeetserkläerung vun den USA.