Noen Osten

Groussbritannie wëllt méi resolut géint israeelesch Siidlungspolitik virgoen

Déi brittesch Labour-Regierung ënner dem neie Premier Andy Burnham wëllt méi haart géint déi israeelesch Siidlungspolitik virgoen. Wéi verschidde Medie mellen, solle Sanktioune géint Wueren aus illegalen israeelesche Siidlungen am Westjordanland verhaange ginn. 

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Den Ausseminister Ed Miliband soll dat – an och weider Mesuren – haut am Parlament presentéieren. Et gëtt mat däitleche Reaktiounen aus Israel an den USA gerechent.

EU-Länner nach retizent wat Sanktiounen ugeet

Dës Sanktioune kommen zu engem Zäitpunkt, wou d‘Gewalt vu radikale Siidler géint d‘Palästinenser am Westjordanland zouhëlt an déi israeelesch Police kaum eppes dogéint mécht. An der EU gëtt schonn zënter Méint driwwer diskutéiert, wéi ee mat der israeelescher Siidlungspolitik soll ëmgoen.

Irland a Spuenien si bis elo déi eenzeg EU-Länner, déi Sanktioune géint Israel verhaangen hunn.