Israeelesch Siidlungsgebidder

Groussbritannien decidéiert Importverbuet fir Produiten aus dem Westjordanland

Déi brittesch Regierung huet gëschter en Importverbuet fir Produiten aus den illegalen israeelesche Siidlungen aus dem Westjordanland annoncéiert. Iwwerdeems goufen nei Sanktiounen ugekënnegt. Zu Tel Aviv kënnt dat alles net gutt un.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/ATEF SAFADI play_arrow
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Den Andy Burnham hat no sengem Amtsuntrëtt als brittesche Premier virun e puer Méint ugekënngt, datt een elo géif eng méi haart Linn géint Israel fueren. Säin Ausseminister, den Ed Miliband, huet dofir elo eng Rei u geziilte Sanktiounen am Parlament annoncéiert. 

Den Import vu Wueren aus de besate Gebidder am Westjordanland an d'Vereenegt Kinnekräich ass vun elo un illegal.

Méi drastesch Sanktiounen

Den Ed Miliband huet och erkläert, datt d'Regierung och "Moossname géint Betriber a Privatpersoune géif ergräifen, déi Servicer fir de Bau vun Infrastruktur oder Finanzéierung fir Immobilie fir den Ausbau vun de Siidlunge bréngen."

"Ech mengen net, datt d'Britte wëllen, datt mir dës Besatzung ënnerstëtzen andeems mir an eise Geschäfter a Supermarchéë Produiten aus de Siidlungen akzeptéieren."

Eelef westlech Länner hunn annoncéiert, hirersäits Sanktioune géint Siidler an déi illegal Siidlungen am Westjordanland ze veruerdnen. Si verurteelen "déi inakzeptabel Decisioun", Ausschreiwunge fir d'Siidlungsprojeten ze verëffentlechen, déi eng Zweestaateléisung onméiglech maache kéint.

An enger gemeinsamer Erklärung hunn de kanadesche Premier Mark Carney, de britteschen Andy Burnham an de franséische President Emmanuel Macron bekräftegt, datt eng Zweestaateléisung "fir Fridden, Stabilitéit a Sécherheet am Noen Osten essenziell" wier an am Interessi vun den hiren dräi Länner wier.

Tel Aviv ass "not amused"

D'Roserei vun Israel riicht sech awer virun allem géint London. Tel Aviv verurteelt nämlech eng Amëschung an déi israeelesch Politik am Virfeld vun de Parlamentswalen Enn Oktober. Dofir goufe scho véier Äntwerten ugekënnegt: Eng dovun ass, datt dat brittescht Konsulat zu Jerusalem zougemaach gëtt.

 

Lauschterenplay_arrow