Et ginn deemno am Oktober dëst Joer virgezunne Parlamentswalen, eppes wat zanter laangem vun enger Protestbeweegung gefuerdert gouf, déi zënter zwee Joer vu Studente geleet gëtt.
Déi Beweegung ass an d’Liewe geruff ginn, nodeems de Virdaach vun enger Gare zu Novi Sad an de Koup gefall ass. Bei där Tragedie sinn eng Rei Mënsche gestuerwen oder uerg blesséiert ginn.
D’Protestbeweegung fuerdert méi Transparenz an der Enquête. Generell géif et am Land ze vill Korruptioun ginn, esou de Virworf vun de Manifestanten.