Zum groussen Deel sollen d'Manifestatioune friddlech ofgelaf sinn, esou de franséischen Inneminister Laurent Nuñez. Vereenzelt Gruppe wieren awer mat grousser Gewaltbereetschaft virgaangen. An der Haaptsaach déi radikal Lénksextreem an Ultralénker, esou de Laurent Nuñez.
An der Haaptstad Paräis waren op d'mannst 110.000 Leit an de Stroossen, d'Manif soll zum gréissten Deel ganz friddlech verlaf sinn. Um Enn vum Cortège wieren awer Projektiller op d'Police gehäit ginn, soudatt déi mat Tréinegas op d'Manifestanten zeréckgeschoss huet.
En "Drëtten Akt" schonn ugekënnegt
Ugefaangen als Lycée- a Schüler:inne-Protest si gëschter Leit aus allen Altersklassen a vu ganz verschiddenen Hannergrënn zesummen op d'Stroosse gaangen. Och waren d'Gilets jaunes nees ganz present.
Et gouf och schonn ugekënnegt, datt den 31. Oktober den sougenannten "Drëtten Akt" soll stattfannen, mat Sëtzblocke virun ëffentleche Gebaier a mat Casserolen, fir vill Kaméidi ze maachen.
Protestwell a ganz Europa, Eskalatioun zu Barcelona
Och zu Bréissel hate gëschter nees Dausende Leit géint ënner anerem Policegewalt an d‘Reform- a Spuerpläng vun der Regierung manifestéiert. Dat ouni gréisser Tëschefäll.
An zu Mailand a Madrid goungen nees Dausende Leit op d‘Strooss fir géint déi héich Liewenskäschten a Wunnengspräisser ze protestéieren. Zu Barcelona sinn d'Protester géint d'Logementspolitik fir 128 Bedeelegter am Prisong ausgaangen. Dat wéinst Verdacht op Vandalismus an Ausraume vu Butteker. Ënner den Interpelléierten sinn 73 Mannerjäreger.
Et wier een amgaange Rapporten ze schreiwen, déi un de Parquet weiderginn, fir datt d'Fäll un déi jeeweileg kompetent Geriicht weidergeleet ginn, esou déi lokal Policecheffin.
Och an Italie koum et gëschter nees zu Demonstratiounen. Dobäi goufen der Police no néng Leit festgeholl an der 371 fir kuerz Zäit mat op de Büro geholl, dorënner eng 110 Mannerjäreger.
D’Police an d’Arméi waren allerdéngs och massiv am Asaz, woubäi d’Manifestatioune méi kleng ausgefall si wéi erwaart, no den zum Deel uergen Onroue vun der leschter Woch. Am Virfeld vun den Demonstratioune war et och zu Dosende Perquisitiounen an Interpellatioune komm.