Frankräich

Ausgangsspär gëllt weider an Deeler vu Frankräich – Premier empfänkt Gewerkschaften

No enger weiderer Nuecht mat lokalen Ausgangsspären a Frankräich empfänkt de Premier Sébastien Lecornu haut d‘Gewerkschaften. Hie wëllt mat hinnen iwwer d‘Sécherheet bei den nächste Manifestatiounen, ënner anerem nächste Samschdeg, schwätzen.

auto_stories

1 min

© EPA/MOHAMMED BADRA
(Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)

Beim Treffen tëschent dem Premier an de Gewerkschafte soll et awer och ëm der Regierung hir Äntwert op d'Revendicatioun vun de Studentenorganisatioune goen.

D'Regierung hat nämlech 3.000 zousätzlecht Personal fir an de Schoulen annoncéiert. De Studente war dat net duergaangen. Si sinn awer bei der Reunioun vun haut net vertrueden. 

Fir déi zweet Nuecht waren hënt Ausgangsspären a Kraaft, ënner anerem am Zentrum vu Marseille, wou déi Mesure nach bis e Freideg inklusiv gëllt. Zu Toulouse ass eng Ausgangsspär vu muer bis e Sonndeg virgesinn.

Feier vum Gemengenhaus: Verdächtege gouf festgeholl 

Bei de Protester leschte Weekend war zu Limoges dat historescht Gebai vun der Gemeng a Brand gestach ginn. Ee vun de Verdächtege fir dat Feier gouf elo festgeholl.

D‘Police sot, de Mann wier hir bekannt a géif zu engem ultra-lénke Grupp gehéieren. Hien hätt op Basis vu Fotoen a Videoen als Verdächtege kënnen identifizéiert ginn.

Dat klasséiert Gebai vum Hôtel de Ville zu Limoges ass duerch d‘Feier zu engem groussen Deel zerstéiert ginn.