Zu Paräis gëllt d‘Ausgangsspär op der Place de la République an am Secteur Les Halles vun 23:00 Owes bis 06:00 Auer Moies. An aneren Deeler vun der Haaptstad goufe Rassemblementer verbueden. Eng partiell Ausgangsspär gouf och am Zentrum vu Lyon ageféiert grad wéi zu Lille, Bordeaux a Nice. Hei gëllt se just fir Mannerjäreger.
Studentenorganisatioune sinn net zefridden
Déi nächst Protester a Frankräich goufe schonn fir e Samschdeg annoncéiert. Nieft de Gilets Jaunes hunn och d‘Studenten-Organisatiounen zu weidere Manifestatiounen e Samschdeg opgeruff.
D‘Studentegewerkschaft UNEF huet op Instagram den Emmanuel Macron kritiséiert. De President hätt a senger Usprooch un d‘Natioun e Sonndeg keng Äntwert op d‘Revendicatioune vun de Studenten a Studentinne ginn.