Gëschter war jo eng Dampwollek vun de Bëschbränn an der Grenzregioun iwwer Lëtzebuerg gezunn. D’Wollek hänkt och haut nach iwwer dem Land.
An der question parlementaire vu véier CSV-Politiker:innen gëtt d’Fro opgeworf wéini d’Lëtzebuerger Autoritéiten déi éischt Informatiounen zu der Dampwollek haten – a wéini dunn d’Bevëlkerung informéiert ginn ass. Si reprochéiert, datt d’Alert réischt eraus gaangen ass wou “den Damp an de Brandgeroch schonn a verschiddene Regioune vum Land ze spiere waren.”
De gréngen Deputéierte Meris Sehovic kritiséiert nieft dem spéiden Diffusiounzäitpunkt gëschter, och d’Kommunikatioun a Punkto Loftqualitéit. D’App "Meng Loft" hätt op der Musel, de Moien, e Wäert vun 10 - dat heescht "miserabel" ugewisen. Hien wonnert sech, datt hei keng weider Instruktioune wéi si sech verhale soll, un d’Bevëlkerung eraus gaange sinn.
"LU-Alert informéiert réischt bei eng immanenter Gefor"
De Generaldirekter vun der Sécurité civile wiert sech géint Kritik, datt d‘LU-Alert-Warnung per SMS, wéinst dem Damp vun de Bränn, ze spéit komm wier. Dat wier net richteg, esou den Alain Becker op eis Nofro hin. Hien erkläert, datt LU-Alert en Multikanalysystem wier, an datt déi aner Kanäl wei d’App an den Internetsite och schonn déi Deeg virdrunner funktionéiert hätten.
LU-Alert géif eréischt dann eng SMS verschécken, wann eng imminent Gefor besteet. Den Alain Becker erkläert, datt si och schonn virgeworf kritt hätten, si géifen ze fréi d'Leit avertéeiren.
"An et ass eeben do, wou muss ofgeweit ginn, ab wéini een dann och eng SMS schéckt."
LU-Alert hätt jo och d'Méiglechkeeten am "Worst-Case -Szenario" een esou geannten "Cell Broadcast" erausschécken. Dat heescht, datt d'Siren op den Handy vun de Leit lass ginn, wann eng akut Gefor besteet.
"Also dofir, mengen ech, ass dat elo net richteg, fir ze soen, dastt LU-Alert net gewarnt hat. Deen Outil ass scho genotzt ginn, do gëtt et eng Gouvernance,wéini ee wat och notzt. An do ass och am Virfeld iwwer déi aner Kanäle gewarnt ginn."
Joëlle Welfring am 100,7 Interview
D'Populatioun zu Lëtzebuerg gouf gëschter iwwer LU-Alert wéinst dem Damp gewarnt. Ma d’Loftqualitéitswäerter hätten sech schonn zanter e Samschdeg verschlechtert. Dat sot déi viregt Ëmweltministesch an d’nach-Deputéiert vun déi Gréng, Joëlle Welfring, de Moie bei eis op der Antenn.
Gëschter Owend hat eng interministeriell Evaluatiounscellule vun der Regierung an engem Communiqué matgedeelt, datt trotz staarkem Brandgeroch kee signifikative gesondheetlechen Impakt ze fäerte wier. Dat gesäit d’Joëlle Welfring e bëssen anescht.
Gemoosse Wäerter leien iwwer der Grenz
Virun allem de sougenannte Fäistëbs mécht der fréierer Direktesch vun der Ëmweltverwaltung Suergen.
“Dat si ganz reng Stëbspartikelen, déi esou reng sinn, datt se longegängeg sinn. A wat se méi kleng sinn, wat se natierlech méi wäit an d'Longentissue kënnen eragoen. Dofir ginn et och déi zwou verschidde Kategorien. Dat sinn d'PM 10, dat heescht méi kleng wéi 10 Mikrogramm am Diameter, a PM 2,5, dat sinn déi nach méi kleng, déi méi kleng si wéi 2,5 Mikrogramm am Diameter.”
Déi gemoosse Wäerter vun deene Partikelen an der Loft léichen e puermol iwwer dem Grenzwäert, seet d’Joëlle Welfring. Dofir wieren d’Wäerter och net compatibel mat der Warnung vun der Regierung, déi och nach spéit erausgaange wier: Dat wier net ganz seriö, esou de Virworf vun der grénger Nach-Deputéiert.
Et feelt u Kohärenz
Déi nërdlechst vu véier Miessstatiounen zu Lëtzebuerg wier déi vu Beidler an der Gemeng Jonglënster, kritiséiert si, a fuerdert, datt am Éislek nach mobil Statioune sollten opgeriicht ginn. Och misst d’Kommunikatioun vun der Regierung méi kohärent ginn.
“Wann een natierlech verschidde Warnunge kuckt vun aneren Experten, da gesäit een, datt vill méi fréi och scho gewarnt ginn ass a vill méi kloer Wierder fonnt gi fir d'Leit drop hinzeweisen, datt si solle sech schützen. Hei koum dat relativ spéit an och net ganz kohärent.”
Déi viregt Ëmweltministesch fënnt, datt een déi Kommunikatioun net de Gemengen iwwerloosse kéint, mee datt déi ebe méi kohärent vun der Regierung misst gemaach ginn.
Lauschtert hei de ganzen Interview mat der Joëlle Welfring