Frankräich

De fréiere franséische Premier Edouard Balladur ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen

De fréiere konservative franséische Premier Edouard Balladur ass gëschter am Alter vu 97 Joer zu Paräis gestuerwen. Dat huet seng Famill der Noriichtenagence AFP confirméiert.

auto_stories

1 min

Den Edouard Balladur 1993 zu Moskau  | © EPA/VITALY ARMAND
Den Edouard Balladur 1993 zu Moskau (Foto: EPA/VITALY ARMAND)

Den Edouard Balladur war Premier vun 1993 bis 1995 an enger sougenannter Cohabitatioun ënner dem sozialistesche President François Mitterrand. 

1995 war den Edouard Balladur géint säi gudde Frënd Jacques Chirac bei der Presidentewal ugetrueden. De Balladur huet et net bis an den zweeten Tour gepackt. Duerno huet hie sech progressiv aus den éischte Reie vun de franséischer Politik zeréckgezunn.