Ee Parlament an deem d’Deputéiert an der Plenière virun engem bal eidele Sall schwätzen, verdéngt säin Numm wuel kaum.
Am Europaparlament awer ass dat souzesoen Alldag. An de Sitzungen an der Plenière si vun de 720 Europadeputéiert dacks 20 bis 30 Leit oder nach manner present.
Trotz Trick: "Key debate" mat just 50 vu 720 Leit am Sall
Esou och e Mëttwoch virun enger Woch, wéi um néng Auer, an der Plenière zu Stroossbuerg zur beschter Parlamentszäit an enger sougenannter "Key debate" Prominenz um Riednerpult stoung.
D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet do iwwer d’Situatioun um Bannemarché vun der Unioun geschwat. Déi Debatt hat d’Parlament selwer ugefrot. Trotzdeem hunn nëmme knapps 50 vun de 720 Europadeputéiert de Wee an d’Plenière fonnt. Dobäi gouf haut schonn een Trick ugewannt, deen ee sech ausgeduecht hat, fir méi Leit an de Sall ze lackelen.
D’Lëscht vun deenen, déi d’Wuert ergräife gëtt nämlech fir esou "Key debates" net méi laang am Viraus, mee just kuerz virdru publizéiert. Genotzt huet dat net vill.
Eidele Sall heescht net, datt net geschafft gëtt
Den Ament fanne kaum richteg Debatten am Parlament statt, stellt d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp am 100,7-Interview fest.
“Et huet ee Riedenzäite vun enger Minutt, enger Minutt drësseg. Et kënnt een dohinner, mat sengem preparéierte Speach. Awer et ass keen Hin an Hier, et ass net, datt diskutéiert gëtt, datt debattéiert gëtt.”
Dobäi kéim, datt de Sall eidel wier, “well ëmmer nëmmen déi Leit do sinn, déi entweder selwer schwätzen oder wierklech interesséiert sinn.”
Do sollt een awer elo net déi falsch Schlëss zéien, warnt iwwerdeems de Marc Angel, dee fir d’LSAP am Europaparlament setzt.
“Datt oft keng Leit am Sall sinn heescht net, datt déi Leit an enger Cafeteria sëtzen oder a Stroossbuerg akafe ginn. De Fait ass, datt immens vill Sitzunge parallel sinn.”
Peinlecht Bild fir Visiteursgruppen
D’Europadeputéiert awer si sech eens, datt d’Parlament ee peinlecht Bild ofgëtt.
Si si genéiert, virun allem wann, wat dacks de Fall ass, Visiteure vu baussen op Stroossbuerg kommen, fir sech op der Plaz ee Bild iwwer déi parlamentaresch Aarbecht ze maachen, gëtt de Charel Goerens, DP-Europadeputéierten, zou.
Hie schwätzt vun engem "desastréise Bild, wat d'Parlament vu sech ofgëtt."
“Mir ginn allkéiers déi selwecht Erklärung. A mir stinn allkéiers do wéi Stoffelen, wa mir dat erklären, an et net richteg ofgeholl kréien.”
De Marc Angel probéiert déi Visiteuren duerch anschaulecht Material dovun ze iwwerzeegen, datt trotzdeem geschafft gëtt.
“Ech weisen hinnen déi Tafelen, wou genee drop steet, wéi eng Sitzungen nach an all deenen anere Säll sinn. Hei sinn iwwer 40, 50 Sitzungssäll an deem risege Gebai.”
Nei Auerzäiten a méi spontan Interventiounen
Déi Meetingen ofschafen halen déi meescht net fir realistesch. Esou eng Mesure ass och net op der Lëscht vun den Iddien, déi d’Presidentin vum Parlament elo proposéiert huet, fir neit Liewen an d’Parlament ze bréngen.
Plenarsitzunge sollen an Zukunft just bis siwen Auer owes an net méi wéi elo bis dacks no zéng Auer daueren, esou ee Virschlag, deen zeréckbehale gouf.
En plus sollen d’Debaten zu enger klorer Auerzäit ufänken an ophalen. Dat géing hëllefen, seet d’Martine Kemp.
“Moies, wann een an de Kalenner gekuckt huet, hätt ech sollten um hallwer néng schwätzen, herno war et fir mol hallwer eelef, wou ee geschwat huet, esou datt et wierklech ganz schwiereg ass dat iwwerhaapt ze plangen.”
Doduerch géif och d’Flexibilitéit, "datt ee sech einfach emol an d'Plenière sëtze geet" fleeten.
D’Format soll an Zukunft méi kloer sinn, méi spontan Wuertmeldungen erlaben.
EU-Kommissioun: Mir maachen elo schonn alles richteg
Um Enn vun enger Debatt, mee och matten dran duerch eng sougenannte Blue Card, mat där een een aneren Deputéierte geziilt erausfuerdere kann. Zil ass et, een "Hin an Hier" ze fërderen.
Dat géif dann och fir d’EU-Kommissäre gëllen. Si ginn dacks just um Ufank an um Schluss ee Statement of - dee scho virdru geschriwwe gouf. A si sollen an Zukunft och wärend dem Debat intervenéieren.
Datt den Ament net alles ideal ofleeft, dees schéngt ee sech an der Kommissioun net komplett bewosst ze sinn.
D’Kommissäre sinn do bei den Debaten, stellt d’Chefspriecherin Paula Pinho kloer.
“Si droen hiren Deel kloer dozou bäi, datt en Dialog, en demokratesche Prozess am Europaparlament stattfënnt.”
Hoffnung op en Ëmschwonk hält sech a Grenzen
Bleift ze hoffen, datt d’Parlamentarier:innen de Problem méi kloer erkannt hunn.
Jidderee misst méi Responsabilitéit iwwerhuelen, fënnt do de Charel Goerens - allze grouss ass seng Hoffnung, datt sech séier eppes ännert, allerdéngs net.
“Ech ënnerstëtzen déi Mesuren, mat enger Aussiicht op Erfolleg, déi ech net als extreem héich géif aschätzen.”
Déi nei Reegele solle vu Juni un applizéiert ginn. Et ass net déi éischten a sécher och net déi leschte Kéier, datt am Europaparlament doriwwer diskutéiert gouf.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.