Den Iran setzt seng Verflichtungen aus dem Kaderaccord mat den USA virleefeg aus
Den Iran wäert sech bis op Weideres net méi un de Kaderaccord mat den USA halen. Dat huet den iranesche Vize-Ausseminister an der staatlecher Tëlée matgedeelt. Als Begrënnung sot hien, d'USA hätten hir Engagementer aus dem Accord, deen eréischt virun engem Mount ënnerschriwwe gouf, net agehalen.