D’UN-Agence, déi ënner anerem an der Gazasträif an am Westjordanland humanitär Hëllef leescht gëtt an de Joren 2025-2027 mat 30 Milliounen Euro vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt.
D’UNRWA gëtt vun Israel beschëllegt, e Lien mat der radikal-islamescher Hamas ze hunn. Dës Kritik weisen de Xavier Bettel an de Christian Saunders awer grondleeënd of.
"Et ass eng Schmiercampagne mat politeschem Zil. Ech denke well d’UNRWA zënter 76 Joer hiren Déngscht leescht menge vill Leit, datt se d’Flüchtlingsproblematik verstäerkt esou, wéi een se mat dem Droit de Retour verbënnt vu Palestinenser fir an hiert Doheem vu virun 1948 zeréck ze dierfen."
D’UNRWA géing konsequent a schnell géint all Mataarbechter virgoen, deen e Verbrieche begeet, espu nach de Christian Saunders.