Justiz

Pascale Hansen: Attacken op Affekote wiere kee "Fait isolé" méi

D'Messerattack op en Affekot zu Ettelbréck hätt de Beruffsstand schockéiert. Dat sot d'Bâtonnière vum Dikrecher Barreau Pascale Hansen am 100,7-Interview. Dës Attack wier leider kee "Fait isolé". Eng ganz Partie Affekote wiere wéinst hire berufflechen Aufgabe scho menacéiert ginn.

auto_stories

2 min

Pascale Hansen, Bâtonnière Barreau Dikrech | © 100,7
Pascale Hansen, Bâtonnière Barreau Dikrech (Foto: 100,7)

Den 12. Juni gouf am spéiden Nomëtteg zu Ettelbréck e Mann op oppener Strooss mat engem Messer ugegraff a blesséiert. De presuméierten Täter gouf kuerz drop festgeholl a koum an Untersuchungshaft. Dat hat d'Police den Dag drop an hirem Pressebulletin matgedeelt. 

Attacke wiere keen Eenzelfall méi

Den Dikrecher Barreau huet leschten Donneschdeg Prezisiounen iwwer d’Affer kommunizéiert. Et géif sech ëm en Affekot handelen, deen am Zesummenhang mat senger Aarbecht attackéiert gi wier. D'Enquête leeft nach an de Secret de l'instruction muss deemno respektéiert ginn.

Weider Detailer iwwer d'Attack zu Ettelbréck kann d'Bâtonnière vum Dikrecher Barreau Pascale Hansen à ce stade net ginn. 

"E schläichende Prozess"

D‘Attack zu Ettelbréck op ee 34-Joer alen Affekot, dee Curateur vun enger Faillite war, géif de ganze Beruffsstand concernéieren. D’Bâtonnière Pascale Hansen sot am 100,7 Interview, datt Attacke géint Affekote keen neie Phenomeen wieren, mee e schläichende Prozess, deen ëmmer méi present géif ginn.

Si hätt och scho Feedback vu verschiddene Confrèren a Consoeure kritt, déi soten, datt si scho menacéiert, respektiv bei sech doheem attackéiert gi wieren.

"Bon, ech géif soen dat wieren, mir sinn déi Barreau am Moment 50 Affekoten. Et waren eng sechs, siwen, déi sech bei mir gemellt hunn."

Physesch oder och verbal Attacken op Affekote géifen ëmmer méi heefeg ginn. Allgemeng géif ee mierken, datt d’Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft an d’Luucht géif goen, esou nach d'Pascale Hansen.