100 Persounen aus alle Milieuen, Nationalitéiten oder Altersgruppen, vereenzelt och Kanner, ware bei der Manifestatioun mat derbäi.
Fortschrëtter sinn ze erkennen
De Message vun der Vizepresidentin vun Innocence en danger d’Eolia Verstichel war kloer.
"Nous sommes réunis ici parce que chaque décision, chaque procédure, chaque expertise, chaque intervention judiciaire devrait avoir un seul objectif, la protection des enfants. Nous sommes ici pour rappeler qu'au cœur de chaque dossier, il y a un enfant, un enfant qui a peur, un enfant qui souffre."
D’Ana Pinto, Presidentin vun der Voix des survivantes, huet ënnerstrach, datt et scho Fortschrëtter gouf, nodeems si an der Chamber am Kader vun enger Petitioun hir Propositioune gemaach haten.
"D'Lescht Joer hu mir jo am Parlament déi Proposition de loi mat 57 Amendementer ofginn an tatsächlech hu si eis nogelauschtert, well direkt ee vun deene grousse Chantieren, dee mir fonnt hunn, dat war eeben dat Gesetz mam Sursis, dass all Aggresseur eng zweet Chance verdéngt hat an dat war fir eis esou e bëssen en Dar am A an déi hu si geännert."
Positiv wier och d’Formatioun vun de Polizisten op d’Fro vun der Gewalt géint Fraen oder Kanner.
Spuenien als Beispill
Eng Revendicatioun vun den Associatiounen ass awer kloer déi fir ee speziellt Geriicht ze kréien.
"Fir eis sinn déi nächst Punkten, déi wierklech misste kommen, dat wier en Tribunal spécialisé, esou wéi a Spuenien. Déi Riichter, déi si wierklech forméiert am Beräich vun der Gewalt, an déi maache soss näischt anescht. Déi maachen dann déi sexualiséiert Gewalt, déi psychologesch Gewalt, also de Contrôle coercitif an déi normal physesch Gewalt."
Weider fuerderen d’Associatiounen, datt d’Kanner direkt geschützt gi wann ee Fall vu Gewalt oder vu sexuellen Aggressioune vis à vis vum Kand signaliséiert gëtt.