International

Am Virfeld vum BRICS-Sommet: Indesche Premier pocht op Dialog am Ukrain-Krich

D’Spëtzevertrieder vun de BRICS-Länner kommen haut zu New Delhi an Indie fir en zwee Deeg laange Sommet zesummen. Erwaart ginn ënner anerem de russesche President Wladimir Putin an de chineesesche Staatschef Xi Jinping. Haaptsujete sinn déi international Zesummenaarbecht a global a regional Froen.

auto_stories

1 min

© EPA/KRISTINA SOLOVYOVA/SPUTNIK/KREMLIN / POOL
(Foto: EPA/KRISTINA SOLOVYOVA/SPUTNIK/KREMLIN / POOL)

De BRICS-Grupp ass an de leschte Jore staark gewuess. Nieft Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika gehéieren haut och ënner anerem den Iran, Saudi-Arabien, Ägypten, Äthiopien, d’Vereenegt Arabesch Emirater an Indonesien dozou.

Am Virfeld vum BRICS-Sommet haut hu sech gëschter schonn den indesche Premier Narendra Modi an de russesche President Wladimir Putin och zu New Delhi getraff.

Do war et vum indesche Premier den Appell un de Kreml-Chef, iwwer een Enn vum Krich an der Ukrain ze verhandelen. Dialog an Diplomatie wieren de richtege Wee, fir Konflikter ze léisen, sou nach den Narendra Modi.