Dréchent

Agrarministesch: D'Canicule ass fir d'Landwirtschaft dramatesch, d'Erträg ginn erof

Et wier nach ze fréi fir an der Landwirtschaft den definitive Bilan iwwert den Impakt vun der Canicule ze zéien, mee d’Situatioun wier a ville Beräicher dramatesch. Wann elo nach Ree kéim da kéint een déi eng oder aner Kultur nach retten, betount d’Agrarministerin Martine Hansen op Nofro hin.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Gerd Harder play_arrow
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Gerd Harder)

Een éischte gesamte Bilan géif de 26. August gemaach ginn am Kontext vun den Erntegespréicher.

Virun allem Summerkäre vun Dréchent getraff

Et gesäit een awer schonn op ville Plazen, datt den Ertrag méi geréng ass, erkläert d’Martine Hansen.

"D'Summerkären, déi sinn eran, déi si gedréchent, dat heescht, do wësse mer wat do ass, do ass manner do, mee dat geet awer nach. D'Wanterfriichten, déi als éischt gedrescht gi sinn, déi déi am Hierscht geséint gi sinn, dat ass ok, mee dann, d'Summerkären, do ass och gedrescht, mee do ass den Ertrag natierlech wesentlech méi kleng."

Elo géif de Mais nach do stoen. 

"Wann der de Mais kuckt, deen ass plazeweis ganz dier. Do geschitt also guer näischt méi, do ass kee Kollwen drun, et ass also net ganz vill fir Fudder. Aner Plazen do ass de Mais nach relativ gréng, a wann do natierlech nach Ree kéim, da kéint dee sech nach e bëssen erhuelen.

Assurancë fir de Mais 

Zu Lëtzebuerg hätt een, änlech ewéi an Eisträich, eng Versécherung déi am Fall vun Dréchent gräift.

"Mir hunn de Virdeel, datt mir en Assurancë-System hunn, wou een och Kulture ka géint d'Dréchent assuréieren a wou de Staat 65 Prozent vun der Versécherungszomm bäileet. Dat heescht, och de Mais kann een assuréieren."

D'Assurance géif den Ertragsverloscht rechnen an dann eng finanziell Entschiedegung ausbezuelen. 

"Dat ass ee Virdeel, dee mer hunn. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg esou ronn 57 .000 Hektar assuréiert. Dat ass bal 50 Prozent vun eiser gesamter landwirtschaftlecher Fläsch."

An Éisträich wieren 80 Prozent vun den Agrarfläche verséchert, a 40 Prozent vum Gréngland. Par konter, wann de Bauer keng Assurance gemaach huet, kéint de Staat net méi agräifen, well eben déi Offer do ass.

Waasserbasenge mussen nach analyséiert ginn

Trotz der Assurance feelt et dono awer u Fudder. Eng Penurie gëtt et wéinst der Canicule op ville Plazen an Europa, ausser do wou konnt genat ginn, bemierkt d’Martine Hansen. Et kéint een elo Tëschefriichte séine fir dat als Fudder ze notzen, mee do bräicht nees eng Kéier Reen, betount d’Martine Hansen.

Kloer wier, datt d’Konditiounen, fir d’Bäihëllefen ze kréien, gelackert ginn, wann de Bauer wéinst der Canicule déi Oploen net ka respektéieren.

Am Geméis an Uebstbau goufe viru fënnef Joer Pilotprojete mat Waasserbasenge lancéiert, zënterhier wier awer net vill geschitt hat d’Vereenegung vun den Uebst a Geméisproduzente bedauert. Dofir wier den Ëmweltministère zoustänneg, betount d’Martine Hansen, an dee soll deemnächst iwwer eng Etüd Irrilux diskutéieren. 

Lauschterenplay_arrow