Déi fréi Hëtzt stellt virun allem jonk Wéngerten op d'Prouf. Deelweis missten Drauwen ofgeschnidde ginn, fir d'Rief ze entlaaschten. Bei eelere Wéngerte wier dat momentan net de Fall, seet de Serge Fischer, Direkter vum Institut Viti-Vinicole.
"Bei deene méi ale Wéngerten, ech mengen de Wéngert gëtt jo zum Deel bis zu 50, 60 Joer al, an der Moyenne gi se bei 35 Joer a 40 Joer erausgeha. Dat heescht do ass elo eigentlech keen Dréchestress festzestellen. Et ass alles am grénge Beräich."
Dréchent vs Pilz
D'Dréchent hätt am Wäibau net nëmmen Nodeeler. Well et bis elo kaum gereent huet, géife Pilzkrankheeten däitlech manner Problemer maachen. Dat kéint sech positiv op d'Qualitéit vum Wäin auswierken, esou den Direkter vum Institut Viti-Vinicole.
"Bis elo war et emol ëmmer esou: Dréche Joergäng waren och ëmmer gutt Joergäng. Dat heescht d'Drauwe ware schéi gesond, an en dréchent Wieder heescht och manner Pilzkrankheeten, besonnesch Botrytis, also d’Fäulniss hu mir bei esou Wieder absolut net. Also ech géif soen, momentan iwwerweien d'Virdeeler d'Nodeeler."
Iergendwann gëtt de Reen awer gebraucht
Entscheedend gëtt et dann an e puer Wochen. Esoubal d'Drauwen ufänken ze wuessen, ass och nees méi Waasser néideg.
"Spéitstens wann elo d'Drauwe Jus zéien, dat heescht ab Ufank August ufänken déck ze ginn, dann ass awer eng gewësse Waasserversuergung noutwendeg. Et ass awer wichteg, datt et iergendwann eng Kéier elo reent.”
Bei de saisonalen Aarbechter fir d'Lies leeft de Rekrutement schonn un. Et wier zwar, wéi déi lescht Joren och, schwéier Leit ze fannen, bis elo hätt de Secteur awer nach ëmmer genuch Hëllef fonnt, esou nach de Serge Fischer.