Drogen

900 Kilo Kokain am Norde vum Land: Presuméierten Hannermann a Kolumbie festgeholl

Nodeems d‘lescht Joer am Februar op engem Bauerenhaff zu Bilschdrëf ronn 900 Kilo Kokain fonnt gi waren, ass elo de presuméierten Hannermann a Kolumbien festgeholl ginn. Dat mellt d‘Wort online a berifft sech op kolumbianesch Medien.

auto_stories

1 min

Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt | © Police Luxembourg
Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt (Foto: Police Luxembourg)

De 46 Joer ale Mann, deen ënner dem Numm "Hermes" bekannt ass, wier eng 50 Kilometer vu Medellín festgeholl ginn, wéi e mat sengem Hond spazéiere gaangen ass. De Mann wier op Demande vu Lëtzebuerg festgeholl ginn, no enger koordinéierter Aktioun vun Europol, Ameripol an der kolumbianescher Police. 

D‘Droge waren hei zu Lëtzebuerg an enger Baumaschin verstoppt, déi aus Kolumbien geliwwert gi war, et war eng Rekordquantitéit fir Lëtzebuerg. Si haten e Maartwäert tëschent 80 an 160 Milliounen a sinn zerstéiert ginn.