Wien

Premier Luc Frieden op Visitt an Éisträich: Ofbau an der Autosindustrie war Sujet

De Luc Frieden war haut op offizieller Visitt zu Wien beim éisträichesche Bundeskanzler Christian Stocker. Béid Politiker hu sech ënner anerem iwwer d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten ënnerhalen. Och iwwer d'Kompetitivitéit vun der EU ass geschwat ginn.

auto_stories

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den europäesche Bannemaart misst gestäerkt an d‘Industrie erhale ginn, war et d‘Ausso vum ÖVP-Bundeskanzler op enger gemeinsamer Pressekonferenz an der Mëttesstonn.

Ugeschwat op den héijen Ofbau vu Plazen an der Autosindustrie sot de Lëtzebuerger Premier, et misst ee genee analyséieren, wat d'Grënn dofir sinn.

"Ist es Überregulierung? Sind es Umweltauflagen? Sinn es Kosten? All diese Dinge müssen wir analysieren, denn wir brauchen in Europa Industrie. Wir können nicht nur Autos von aussen importieren. Das wäre schlecht für unsere Unabhängigkeit, unsere Autonomie, unsere Souveränität."

Et wier och schlecht fir d'Aarbechtsplazen, esou de Premier. 

"Wir möchten, dass in Europa Industriebetriebe bleiben, und deshalb müssen wir auch den Kontakt suchen zu den Unternehmen, den Unternehmen zuhören, weshalb ist das einfacher anderswo zu produzieren als bei uns." 

De Christian Stocker huet Lëtzebuerg als "vertrauensvolle Wirtschaftspartner" beschriwwen a betount, béid Länner wéilten hir Zesummenaarbecht an Zukunft ausbauen.