Dës Woch huet ee vun deene bedeitendsten, zäitgenëssesche Komponisten säin 80. Gebuertsdag gefeiert: de Peteris Vasks.
No der Ouschtervakanz hu mir och nees en neien Album um Opus Plackespiller. Dës kéier ass et eng nei Produktioun, déi am Kader vun der Anne-Sophie Mutter hirem 50. Bünejubiläum erauskoum.
Et gëtt och en neit Häerzstéck an Dir hutt d'Méiglechkeet fir den neien Invité an eisem Podcast Klassik Talk kennenzeléieren.