Resonanzen steet ganz am Zeeche vun Ouschteren. De Christophe Mirkes huet passend Ouschter- a Fréijoersmusek erausgesicht a begleet Iech duerch de Feierdag. Et sinn och d'Gebuertsdeeg vun de Komponiste Louis Spohr an Albert Roussel, déi entspriechend mat hirer Musek gefeiert ginn.
Wärend der Karwoch huet de Lëtzebuerger Chouer Nordvox an Italie beim 18. International Choir Festival & Competition déi héchste Punktzuel vun allen 10 Participanten erreecht. Detailer doriwwer verréit den Dirigent Matthias Rajczyk am Interview.