1. A Saache Vignette fir d’belsch Autobunne wäert et keng Ausnameregelung fir d’Grenzregioune ginn, och net fir Lëtzebuerg. D’Reaktiounen dorop vun Deputéierte vun hei héiert Dir elo gläich.
2. Mam neie Jugendpakt solle méi öffentlech Treffpunkter a Fräizäitaktivitéite fir Jonker geschafe ginn. Den Éducatiounsminister Claude Meisch huet den entspriechenden Aktiounsplang de Moie virgestallt.
3. Wann néideg gëtt a Frankräich den Ausnamezoustand ausgeruff: Dat sot de Premier Sébastien Lecornu de Mëtte virum Hannergrond vun der Gewalt bei de Manifestatioune vu virgëschter. Fir e Samsde sinn déi nächst annoncéiert.