1. D‘Grenzregioune wäerte fir déi geplangt Vignette op den Autobunnen an der Belsch musse bezuelen, mellt RTL. D‘Wallonie hätt confirméiert, datt et keng Ausnahm géif ginn.
2. Grousse Mobilisatiounsdag haut a Frankräich géint déi héich Liewenskäschten – zéngdausende Leit sinn op d‘Strooss gaangen. A Panorama héiert dir Andréck vun der Manifestatioun zu Metz.
3. Duerchbroch bei de Sondéierungsgespréicher zu Berlin: Die Linke, Bündnis90/ Die Grünen an SPD hätten d‘Gespréicher erfollegräich ofgeschloss.
4. De Poopst Leo 14. huet nëmme 4 Deeg no senger Longekriibs-Operatioun d‘Klinik erëm verlooss. Ob hien elo kriibsfräi ass, ass awer onkloer.