D’Europäesch Unioun sollt sech méi staark fir dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag asetzen. Dofir mécht sech d’Europaparlament staark. Déi rezenten Annoncen aus den USA, weider Sanktioune géint déi international Cour pénale zu Den Haag ze verhänken, dierft d’EU net weider toleréieren, huet et en Dënschdeg an enger Debatt an der Plenière zu Stroossbuerg geheescht. Well déi Sanktiounen och Auswierkungen op Bierger an Entreprisen an der EU hunn, misst elo méi däitlech dorop reagéiert ginn, esou den Appell. Mee ass d’EU prett, op Konfrontatioun mat den USA ze goen? Verschiddener, wéi och de Lëtzebuerger Premier wëllen d’éischt weider op den Dialog setzen. D’Danièle Weber iwwert déi Debatt, déi och Enn der leschter Woch um EU-Sommet gefouert gouf.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.