Haut hält d’Kommissiounspresidentin am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun. Dat ass all Joer ee grousse Rendez-Vous, an d’Erwaardunge sinn des Kéier besonnesch héich.
Dorun ass an éischter Linn och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold.
Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen, d’Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien.
Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Wëll déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn.
Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif - an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerten soll.