E Sonndeg geet den RTL-Moderator Gibbes Bertolo eng leschte Kéier op Antenn. Am Gespréich kuck hien op 40 Joer Radios-Karriär zeréck.
Déi lescht Emissioun
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
E jonke Gibbes Bertolo am Radiostudio. (Foto: Honey Bee Benson Radio Luxemburg/Facebook)
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée
De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen?
Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn?
En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Pre
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer?
D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
Santé: Relatiounen tëschent Ministesch an AMMD bleiwe ugespaant
Bréngen d'Diskussiounen an de sechs Aarbechtsgruppen iwwer zukünfteg Erausfuerderunge vum Gesondheetssecteur béid Säiten nees beieneen? Froen un d'Martine Deprez.
Méiglech Interessekonflikter um Bau: OAI verlaangt Nobesserungen
De Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, erkläert, op wéi enge Punkten nei gesetzlech Bestëmmunge misste preziséiert ginn.
Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren
De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg.
Dréchent: 50 Prozent manner Gromperen, mee d'Assurance kënnt net dofir op
Wéinst der Dréchent ass den Ertrag beim gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent dëst Joer ëm op mannst 50 % zeréckgaangen. Vun den Assurancë gëtt den Ausfall awer net ofgedeckt.
Walrecht vu 16 Joer un: D'Jugendparlament hofft op een neien Debat
D'Jugendparlament fuerdert, datt nach eemol seriö iwwer d'Walrecht vu 16 u geschwat gëtt mam Zil, datt Jonker eventuell schonn 2029 bei de Gemengewale kënne matbestëmmen.
Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"?
D'Erwaardungen un d'Ried zur Lag vun der Unioun si grouss. No de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD stellt sech d'Fro, wéi d'EU dorop äntwere soll.
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht
Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen.
Alphabetiséierung op Franséisch: Wéi gëtt orientéiert?
Mir froen de Regionaldirekter vun de Grondschoulen zu Esch, den Yves Ciaffone, wéi d'Schüler bei hirem Choix tëschent der Alphabetsiéierung op Däitsch oder Franséisch begleet ginn.
Belsch Wollefsruddelen: "D'Wahrscheinlechkeet klëmmt" och zu Lëtzebuerg
An der belscher Province de Luxembourg goufen 13 jonk Wëllef, respektiv zwee Ruddelen confirméiert. Den Dr. Laurent Schley vun der Naturverwaltung erkläert wat dat bedeit.
De Bléck zeréck op déi eege Rentrée
Wéi erënnere sech d'Senioren a Seniorinnen un déi éischt Schouldeeg?
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht
Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen.
Stock-Car: Eng Welt fir sech
Wann an enger Autoscourse zwee Autoen anenee knuppen ass an der Reegel fir béid Pilote Schluss. Mee beim sougenannte Stock-Car geet d’Course da réischt esou richteg lass.
Gravelbiken: Vum Trend bei d'Kompetitioun
Gëschter war zu Hesper dat éischt nationaalt Championnat am Gravelbiken. Wéi ass de Bilan a wou steet déi haaptsächlech geselleg Sportaart hei am Land?
Luxembourg Music School: Groussen Undrang virun der Rentrée
D'Porte ouverte bei Luxembourg Music School, déi d'CAVEM iwwerholl huet, hat vill Succès. Kanner an Erwuessener hu sech am Virfeld vun der neier Rentrée fir d'Kueren interesséiert.
Sécurité routière: De Schoulwee ass méi sécher ouni Auto
Muer ass Rentrée, och op de Stroossen. Den Haaptmessage vun der Direktesch vun der Sécurité routière, Isabelle Medinger, ass: Kanner sollen net an d'Schoul gefouert ginn.