Eréischt Mëtt Juli hate mer iwwert dem Konzeptkënschtler Ottmar Hörl seng besonnesch Ausstellung bericht, déi am Kader vum 270. Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart knapp 300 Mini-Mozarten am Salzburger Mirabellegaart ausgestallt huet.
Déi ronn 50 cm grouss Gold-Figuren si beim Public dann awer wuel esou gutt ukomm, datt Onéierlecher sech der direkt mat an déi eege véier Wänn geholl hunn.
No knapp 210 Figuren, déi bis elo aus der Ausstellung geklaut goufen, zéien de Kënschtler wéi och de Mozarteum elo ee Schlussstréch: D'Skulpturenaustellung gëtt zougemaach an déi verbleiwend Figure komme sécher an d'Obhut vum Kënschtler Ottmar Hörl. Iwwer de finanzielle Schued ginn et aktuell nach keng Detailer.
E puer vun de Figuren kéint een awer nach bewonneren. An engem Schreiwes, dat d'Mozarteum Stëftung Salzburg op Social Media deelt, heescht et: "Der verbleibende Teil von 'Mozart - das unbezähmte Genie' kann noch bis Ende August im Bastionsgarten des Mozarteums sowie im Mozart-Wohnhaus im Tanzmeistersaal bzw. im Zauberflöten-Häuschen besichtigt werden."