“Mir si frou, stolz an einfach nëmmen dankbar fir dat wat mir zesummen erreecht hunn.”, sou d’Monnerecher Musek, déi ënnert der Direktioun vun hirem Dirigent Sebastian Geis an der drëtter Divisioun um World Music Contest zu Kerkrade an Holland gespillt huet. Et wier ee frou och d’Gemeng bei sou engem internationale Concours vertrueden ze hunn, esou weider d’Musek aus dem Süde vum Land.
Zënter Méint hunn si sech op hiren Optrëtt dëse Weekend preparéiert. No Concoursen zu Wien a Riva an Italien, war et elo déi éischt Participatioun zu Kerkrade, engem Traditiouns rendez-vous. De Concours huet dës Editioun säi 75. Anniversaire gefeiert,