Dir kennt bestëmmt den Eurovision Song Contest, kuerz ESC? Mee wosst Dir, datt d’Klassik säin eegenen Eurovision huet? Den EYM, Eurovision Young Musicians gëtt et zanter 1982 a gëtt jonke Museker:innen tëschent 12-21 mat engem aussergewéinlechen Talent eng Bün. D’Iddi dobäi ass si bei hiren éischte Schrëtt an eng international Karriär ze begleeden an dat an engem Jarnéiermoment vun hirem Liewen. Museker:innen wéi den Julian Rachlin, der Natalie Clein oder och der Julia Fischer hunn esou hir international Karriär gestart.
Dat Ganzt ass koordinéiert vun der European Broadcasting Union a gëtt all Joer vun engem vu senge Memberen organiséiert. Dëst Joer ass den EYM zu Yerevan an Armenien an zwar dëse Samschdeg, de 6. Juni. Mat dobäi sinn 11 Länner, ënner anerem eis Noperen aus der Belsch, Däitschland, mee och Länner wéi Serbien oder Lettland.