Gëschter huet déi zweet Ronn vun der Perkussioun am ARD-Musikwettbewerb ugefaang, mat Kandidaten aus der ganzer Welt. Dat Besonnescht dorun: et stoung e Wierk als “Oeuvre imposée” um Programm, dat vun engem Lëtzebuerger geschriwwe gouf. Et handelt sech dobäi ëm d’Kompositioun mam Titel “Exorzismus” vum jonke Lëtzebuerger Perkussionist Pit Dahm.
Eng Kompositioun, déi et réischt zënter 2025 gëtt, an déi den Interpreten als Paukisten a Schauspiller e gewësse Fräiraum bitt. Do stellt sech dann net nëmme fir d'Kandidaten d'Fro, wéi d'Wierk ukënnt.
De Pit Dahm war gëschter selwer am Concertssall mat dobäi an huet seng Impressiounen tëschent zwou Epreuvë mat eis gedeelt.