Den nationale Jugendorchester huet sech zënter 2021 an ënner der Leedung vum Pit Brosius als Zil geholl, all Joer ee Programm op d’Bün ze stellen, deen déi jonk Museker:inne musikalesch no vir brénge soll.
Dëse Mëttwoch steet den traditionelle Concert d'été am Mierscher Theater un, bei deem Wierker vu Rachmaninoff, Strawinsky an dem Lëtzebuerger Komponist Hy-Khang Dang seng Uropféierung vun "If the bells ring, why should we run" gespillt ginn.
Den däitsche Pianist Joseph Moog ass no der Saison 21/22 elo eng zweete Kéier fir d'Zesummenaarbecht mam ONJ invitéiert. Nieft dem Concert dëse Mëttwoch geet et freides a sonndes weider op Apeldoorn a sonndes op Berlin an d'Konzerthaus am Kader vum Young Euro Classic Festival, wou den ONJ fir eng éischte Kéier mat dobäi ass.
Virun der éischter gemeinsamer Prouf huet de Lex Kauffmann sech mam Pianist Joseph Moog an dem Dirigent Pit Brosius iwwer dës spannend a gemeinsam Erfarung ënnerhalen.