Déi zwee studéiert Kulturmanageren Dr. David Maier a Klaus Gasteiger leeden zënter der aktueller Saison de Mosel Musikfestival. Nieft ronn 50 Concerten, vun deenen der dräi hei zu Lëtzebuerg wäerte stattfannen, plangt déi nei Duebelspëtzt awer och nach e Festival-Atelier. E partizipative Projet, deen elo am September ufänkt, a säi Resultat an der Saison 2027 wäert presentéieren. Et ginn 9 Leit erausgesicht, déi bei der Programmgestaltung vun dräi Concerte kënne matwierken.
Melle kënne sech däitsch a lëtzebuergesch Leit iwwer www.moselmusikfestival.de/festival-atelier. D'Deadline ass den 1. September.