Déi eng veréiere seng Musek, déi aner evitéieren hie wéinst sengem Antisemitismus: de Richard Wagner war a bleift e kontroverse Komponist. Pénktlech fir den 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festpiele bréngt de Jacques Schiltz zesumme mam ILL, dem Teather Kollektiv Independent Little Lies, eng “Wagner-Gebrauchsanweisung” eraus. Esou heescht et an der Beschreiwung vun der Produktioun mam einfachen an direkten Titel “Wagner”. Et ass en Theaterstéck iwwer dem Richard Wagner seng Biographie, dat elo den 18. an den 20. Juni am Mierscher Theater opgeféiert gëtt.
De Jacques Schiltz huet d’Texter fir dëst Theaterstéck zesummegestallt a féiert och d’Regie vum Stéck. An hien huet am Interview beim Jeff Schinker erkläert, wouranner sech dës Produktioun iwwer de Wagner virun allem ënnerscheet, am Verglach zu där iwwer de Mozart, mam Titel “Amadeus”.