Programm vun den Operen an de Stater Theateren

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

15.-21. Oktober 2026, Grand Théâtre

Giuseppe Verdi: Otello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Jiulio Cilona, Direktioun

Nei Inszenéierung vum Ted Huffman, dem neien Direkter vum Festival vun Aix-en-Provence, am Italie vun de 1950er Joren. Et ass eng Epoch, an där Glanz a Gewalt niewentenee stinn. Den Huffman konzentréiert sech dobäi op deene Manipulatiounsspillercher vun de Protagonisten an awer och op déi zentral Roll, déi de Chouer spillt.


27.-29. November 2026, Grand Théâtre

Christoph Wilibald Gluck: Iphigénie en Tauride

Ensemble Le Consort

Les Éléments

Théotime Langlois de Swarte, Direktioun

D’Geschicht spillt op der Hallefinsel Tauris e puer Joren nom Trojanesche Krich an handelt ëm d’Schicksal vun de Kanner vum Agamemnon. Introduktioun vum Regisseur Wadji Mouamad, fir d’Geschicht aus der griichescher Mythologie ze situéieren. Eng Coproduktioun vun der Opéra-Comique, der Opéra du Capitole an de Stater Theateren. De Barockensembel Le Consort spillt dobäi op historeschen Instrumenter. Mat dobäi ass och de Chouer les Éléments, esou wéi eng Rei Ancienen aus der Académie de l’Opéra-Comique.


31. Dezember 2026-3. Januar 2027, Grand Théâtre

Leonard Bernstein: Candide

Opéra national de Nancy-Lorraine

Gaetano Lo Coco, Direktioun

Baséiert op en Text vum Voltaire a kritiséiert d’Gesellschaft vu senger Zäit duerch d’Geschicht vum jonken, naive Candide, deen eng deelweis katastrophal Helderees duerchgeet. Debut vun der Metteuse-en-scène Myriam Müller, Artiste Associée am Groussen Theater. Mat dobäi ass och de Szenograf Christian Klein, d’Costumière Sophie Van den Keybus an de Schauspiller Jules Werner, mat deenen d’Myriam Müller regelméisseg zesummeschafft. Coproduktioun vun de Stater Theateren an dem Opéra National de Nancy-Lorraine, dee mam eegene Chouer an Orchester kënnt.

04.-05.Februar 2027, Kapuzinentheater

Diana Soh: Zylan ne chantera plus

Monodrame vun der Komponistin Diana Soh. Zylan ne chantera plus ass d’Geschicht vum Sänger Zylan, dee wéinst senger Homosexualitéit verfollegt, gefoltert a schlussendlech ëmbruecht gëtt. Op der Bün stinn niewent dem Tenor Benoit Rameau och eng elektresch Gitar, en Cello a Perkussioun.


21.-23. Mee 2027, Grand Théâtre

Pascal Dusapin: Il Viaggio, Dante

Chouer vun der Staatsoper Hannover

Lëtzebuerger Philharmoniker

Roland Kluttig, Direktioun

D’Oper a 7 Tableauen ass eng Hommage un de Philosoph an Dichter Dante, dee virun 700 Joer gestuerwen ass. Dobäi kann ee materliewen, wéi dee jonken an den alen Dante sech ënnerhalen an dat an eiser heiteger Zäit.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna - den Opus ass live dobäi | © Richárd Kovács

Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna - den Opus ass live dobäi

Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert den 2. Oktober säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

10 min

play_arrow
Konferenz: "Hat krit éng gutt Plâtz, wann et Piano kann" | © Herbert Ahrens, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Konferenz: "Hat krit éng gutt Plâtz, wann et Piano kann"

Dat ass den Titel vun der nächster Concertskonferenz vu Mugi.lu. Déi ass den 10. Oktober um 17 Auer am Salon Bleu vum Cercle Cité.
headphones

5 min

play_arrow
Philharmonie: nei Saison mat neier App | © Opus/Michelle Liesch

Philharmonie: nei Saison mat neier App

D’PhilharmonieLuxembourg-App mat méi einfachem Accès zu Ticketen a mat exklusiven Offeren
headphones

4 min

play_arrow
"Vu Lilien a Linnen": Jugendstil, Handwierk, an eng Familljegeschicht | © Opus/Oceana Kaell

"Vu Lilien a Linnen": Jugendstil, Handwierk, an eng Familljegeschicht

De Konschtschmadd Étienne Galowich huet de Jugendstil zu Lëtzebuerg matgepräägt. Seng Urenkelin erzielt iwwer säi Liewen a mécht de Lien mat der Musek.
headphones

9 min

play_arrow
Bachvereenegung: nei Saison mat fréie Kantaten | © Opus/Jo Diseviscourt

Bachvereenegung: nei Saison mat fréie Kantaten

E feste Bestanddeel vun der Programmatioun ass och den Ensembel Ad Libitum. De Rosch Mirkes erkläert firwat dat esou ass.
headphones

5 min

play_arrow
A Master's Touch | © Michelle Liesch / Opus

A Master's Touch

De Mariano Chiacchiarini ass op en Neits op Visitt zu Lëtzebuerg a presentéiert mam Pianist Joseph Moog an dem OCL ee rare Programm an der Concertsserie "A Master's Touch".
headphones

6 min

play_arrow
Nei Saison vun United Instruments of Lucilin | © Opus 100,7

Nei Saison vun United Instruments of Lucilin

Gëschter Owend gouf mat engem éischte Concert déi nei Saison 26/27 vu United Instruments of Lucilin lancéiert. Mee wat erwaart een dëst Joer - nei Konzepter, méi Initiativen?
headphones

20 min

play_arrow
Festival Bridges 2 - en Iwwerbléck mat der Grënnerin | © Opus/Michelle Liesch

Festival Bridges 2 - en Iwwerbléck mat der Grënnerin

De Festival "Bridges 2" geet de 24. September a seng 8. Editioun.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Uropféierung fir d'Rentrée vum Artikuss | © Artikuss Soleuvre

Eng Uropféierung fir d'Rentrée vum Artikuss

De Walter Civitareale huet eng nei Fassung vu senger "Jubilee Suite" fir Harmonieorchester verfaasst.
headphones

4 min

play_arrow
Wien ass den John Maia? | © Opus

Wien ass den John Maia?

Hien huet iwwer 400.000 Follower op Instagram - Leit aus Frankräich, Italien, Däitschland, bis hin zu Südamerika. Zu Lëtzebuerg kennt awer quasi keen hien.
headphones

4 min

play_arrow
Un Orchestre à soi: Eng Klanginstallatioun iwwer vergiesse Komponistinnen | © Opus

Un Orchestre à soi: Eng Klanginstallatioun iwwer vergiesse Komponistinnen

Firwat si Frae vun der Museksgeschicht vergiess ginn? Déi Fro exploréiert d'Klangkënschtlerin Léa Chevrier an hirer interaktiver Ausstellung an der Abtei Neimënster.
headphones

11 min

play_arrow
Ee Liewen als Militärmuseker - de Lt. Jean Thill geet an d'Pensioun | © Opus 100,7

Ee Liewen als Militärmuseker - de Lt. Jean Thill geet an d'Pensioun

Zënter Oktober 2022 ass de Lt. Jean Thill Chef de Musique adjoint bei der Militärmusek. Virdru war hie Joerzéngte Museker an de Reien. Elo geet et an déi wuelverdéngte Pensioun.
headphones

20 min

play_arrow
Kammerata Luxembourg: déi nei Saison 2026/27

Kammerata Luxembourg: déi nei Saison 2026/27

D'Presidentin vu Kammerata Luxembourg, Sandrine Cantoreggi, mat engem Iwwerbléck iwwer déi villfälteg Concerten, déi de Public dës Saison erwaarden.
headphones

4 min

play_arrow
D'Rentrée vun de Solistes Européens, Luxembourg | © SEL / Pierre Weber

D'Rentrée vun de Solistes Européens, Luxembourg

Den 21. September start déi nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg mat engem Concert an der Philharmonie.
headphones

5 min

play_arrow
Mat honnerte Saxofonen duerch Hiphop, Ballet an ungaresch Dänz | © Pixabay

Mat honnerte Saxofonen duerch Hiphop, Ballet an ungaresch Dänz

Den LSA Mega Saxofonsorchester ass zeréck. Honnerte Saxofonistinnen a Saxofonisten vun all Alters- an Instrumentenniveau komme fir ee gemeinsame Concert zu Ettelbréck zesummen.
headphones

6 min

play_arrow
"Et huet nach keen eng konkret Virstellung dovunner" | © Michal Stolorz

"Et huet nach keen eng konkret Virstellung dovunner"

D'Wierk "Exorzismus" vum Pit Dahm ass "Oeuvre imposée" an der zweeter Ronn vun der Perkussioun beim ARD-Musikwettbewerb.
headphones

5 min

play_arrow
Concours um Klenge Maarnicher Festival. Dëst Joer: Uergel | © Luxembourg Music Publishers

Concours um Klenge Maarnicher Festival. Dëst Joer: Uergel

Um Klenge Maarnicher Festival gëtt all Joer en internationale Concours organiséiert. Dëst Joer steet d'Uergel am Mëttelpunkt an de Concours gëtt dem Carlo Hommel gewidmet.
headphones

4 min

play_arrow
E Sonndeg live um Opus - Concert mat der Deutsche Radio Philharmonie | © Marco Borggreve

E Sonndeg live um Opus - Concert mat der Deutsche Radio Philharmonie

Fir déi 1. Matinée aus der neier Saison 26/27 geet et fir déi däitsch Radio Philharmonie (DRP) zu Saarbrécken direkt an den Olymp!
headphones

7 min

play_arrow
Anthony Hopkins: E Soundtrack vum eegene Liewen | © Facebook-Säit vun Decca Classics

Anthony Hopkins: E Soundtrack vum eegene Liewen

Wéi den Hollywood-Schauspiller Anthony Hopkins dem Publikum en Abléck a seng Biographie gëtt? Duerch selwer komponéiert Orchestermusek!
headphones

12 min

play_arrow
Lëtzebuergerin dirigéiert an Irland | © zur Verfügung gestalt vun der Véronique Bernar

Lëtzebuergerin dirigéiert an Irland

D'Véronique Bernar war eng Woch laang Assistent-Dirigentin beim Esker Festival Orchestra an Irland.
headphones

5 min

play_arrow