Beim Lunch Concert mat de Pueri Cantores geet et an de Requiem vum walisesche Klassik-Crossover-Komponist Karl Jenkins. Hei muss ee sech dem Grënner vun de Pueri Cantores, dem Pierre Nimax Junior no awer net op schwéiere Kascht virbereeden.
Eng musikalesch Mëttespaus mat Pueri Cantores
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De Stater Bouwechouer Pueri Cantores mat hire Grënner Marie-Reine a Pierre (jr.) Nimax (2023) (Foto: www.puericantores.lu)
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
Playlist to Connect
Dëse Sonndeg Nomëtteg, den 19 Juli, ass et bei der Sportshal zu Viichten ee ganz besonnescht Event, dat Frënn vu klassescher Musek, dem Pop oder och dem Rock zesummebréngt.
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"
Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
D'Fanfare Bouneweg ass a WM-Stëmmung
D’Fanfare vu Bouneweg ass dëst Joer op der Weltmeeschterschaft vun de Museken dobäi: Dem World Music Contest zu Kerkrade an Holland.
En Dag voller Decouvertë mat Lucilin
De Projet Musique Plus huet dëst Joer nees d’Saison vum Ensembel United Intruments of Lucilin markéiert. E Sonndeg invitéiert Lucilin dann op d’Clôture vum Projet.
Luxembourg Clarinet Ambassadors a Südkorea
Fir Lëtzebuerg um weltwäit gréisste Klarinettekongress ze representéieren, huet sech eng Ekipp vu 6 Klarinettisten aus Lëtzebuerg op de laange Wee a Südkorea gemaach.
166 Joer Mahler
De 7. Juli 1860 koum de Gustav Mahler op d'Welt.
Spuenesch Barockmusek mam Ensembel Artemandoline
De Juan Carlos Muñoz gëtt en Abléck an deen neien Album vun Artemandoline.
A capella an de Summer eran
De leschte Concert vun der Maîtrise vun der Kathedral ass an engem besonnesche Kader.
Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt
Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait
Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski
Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
E partizipative Gesangsweekend
D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
Den Dram als zentrale Gedanken
De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch
Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder
300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deene leschten 200 Joer markéieren.
Another Light
De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.