De Maat Saxophone Quartett ass eng hollännesche Formatioun vu véier jonke Saxofonistinnen a Saxofoniste mat portugisesche Wuerzelen. 2018 hu si sech frëndschaftlech zesummefonnt an dat erkläert och den Numm vum Quartett. Well “Maat” ass vum hollännesche Wuert “maatjes” ofgeleet, dat esouvill wéi “Frënn” bedeit. Zënter e puer Méint da si si ronderëm d’ganz Welt ënnerwee. Si goufen nämlech als ECHO Rising Stars ernannt. Een Titel, deen et erlaabt, an deene gréisste Concertshaiser op Tournée ze goen. Esou och nächsten Dënschdeg, den 21.04.2026 zu Lëtzebuerg an der Philharmonie.
Maat Saxophone Quartet - Rising Stars op Besuch zu Lëtzebuerg
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Maat Saxophone Quartet (Foto: Marco Borggreve)
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert.
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Programm vun den Operen an de Stater Theateren
Viru Kuerzem hunn d’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg hire Programm fir d’Saison 26-27 virgestallt. D’Opus Redaktioun gëtt Iech en Iwwerbléck.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus
Carmina Burana als Community-Projet
Dem Carl Orff säi bekannt Wierk steet e Sonndeg (16.06.) am CAPE op der Affiche.
Gebuertsdag vum Carl Maria von Weber
De Papp vun der däitscher romantescher Oper wier haut 200 Joer al ginn.
Uropféierung vun neier Kompositioun vum Pascal Schumacher
United Instruments of Lucilin organiséiert e Weekend mat Musek a Literatur zu Rëmerschen an der Fondation Valentiny
Recreating the World mam OCL
Dat ass den Titel vum nächste Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Mat sengem eegene Schiet Musek maachen
"Alter Ego in Motion" ass eng Performance mat Musek, Beweegung a Projektioun vum Saxofonist Andreas Mader.
"Lessons in Virtuosity"
Wéi ee Wierk géing sech dofir besser eegenen, wéi den drëtte Pianosconcerto vum Sergei Rachmaninoff?
"Bewitched"
Tëschent Jazz a Klassik mam Arthur Stockel, de 4. Juni am CAPE
360 Grad Concert mam Lëtzebuerger Kammerorchester
Eng nei Aart a Weis. klassesch Musek ze erliewe versprécht zënter 2024 ee Concertskonzept vum Orchestre de Chambre de Luxembourg (OCL), dat elo weider Concerten ubitt.
Clara Schumann: 130. Doudesdag
Eng vun de wéinege bekannte Komponistinnen, mee gëtt déi haiteg Unerkennung hirem Wierke gerecht?
Wann engem seng Welt ënnergeet
Den Cellist Jean-Guihen Queyras iwwer dem Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps an doriwwer firwat de Weltënnergang och haut relevant ass.
Ivan Boumans feiert Uropféierung zu Liechtenstein
De Sinfonieorchester Liechtenstein spillt dem Lëtzebuerger Komponist säi Kontrabass-Concerto.
Erland Cooper zu Klierf
De Schottesche Multi-Instrumentalist Erland Cooper huet de Master vu sengem éischte Klassik Album an de Buedem begruewen an all digital Copy geläscht.
De Pierre Cao ass dout
Wéi eng Rei verschidde Source mellen, ass de Pierre Cao am Alter vun 88 Joer gestuerwen.