De Sonndeg Moie vun 11 Auer un iwwerdréit den Opus zesumme mam SR e Live Concert aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Op der Bün spillt den Orchester vun der DRP, d’Deutsche Radio Philharmonie. Dirigéiert gëtt se vum Michael Schönwandt, engem däneschen Dirigent, deen 11 Joer laang de Leeder vum Royal Danish Orchestra zu Copenhagen war, an och mat sengen aktuellen 72 Joer nach ganz aktiv ass.
E grousse Solist gëtt et dann och nach: de Pianist Paul Lewis aus England. Um Programm stinn dräi grouss Nimm. Nieft Mozart sinn et de Carl Nielsen an d'Mélanie Bonis. Si ass eng franséisch Komponistin aus der Spéitromantik, déi de Pseudonym Mel Bonis benotzt huet, fir datt hie Musek eescht geholl gouf. De Carl Nielsen ass da bis haut ee vun de bedeitendste Komponisten aus Dänemark.
De ganze Programm a weider Detailer iwwer d'Live-Iwwerdroung fannt dir hei.