Am Kader vum 200. Gebuertsdag vum norwegesch-däneschen Auteur Ludvig Holberg huet den Edvard Grieg 1884 eng Suite zu sengen Éiere komponéiert. Dobäi huet hien op déi typesch barock Danzsätz aus de Liefzäite vum Holberg zeréckgegraff. Dës mëscht hien allerdéngs mat senger ganz eegener Tounsprooch - romantesch Harmonië verschmëlzen hei mat de barocke Stilmëttel. Mee och e puer folkloristesch Elementer aus Norwege loossen sech op e puer Plazen erauserkennen.
Dem Edvard Grieg seng Suite "Aus Holbergs Zeit" setzt sech zesummen aus engem Praeludium, enger Sarabande, enger Gavotte, engem immens lyreschen an introvertéierten Air an engem Rigaudon zum Ofschloss.