Et ass e scheinbar normale Saz: "Ech iwwerhuelen déi voll Verantwortung". Wann ee mat engem philosophesche Bléck op dës Ausso kuckt, stellt sech natierlech direkt mol d'Fro, ob een als Mënsch iwwerhaapt "déi voll Verantwortung" kann huelen. Dat implizéiert nämlech, datt ee Kenntnisser a Wëssen iwwer all Aspekter vun enger bestëmmter Situatioun huet. An dat ass nëmme ganz seelen de Fall. De Joachim Fontaine geet op d'Sich no deene Situatiounen, an deene Verantwortung iwwerhuele guer net méi esou evident ass, well den Ëmfang vun de Konsequenzen nach guer net kloer ka sinn. Wat dat fir eis Entscheedunge vun haut bedeit, erkläert de Joachim Fontaine ënner anerem mat Iwwerleeunge vum Philosoph Emmanuel Lévinas (1906-1995).
Déi voll Verantwortung iwwerhuelen
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Symbolfoto: Kompass (Foto: Unsplash/AbsolutVision)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Déi voll Verantwortung iwwerhuelen
Dofir misst een all Eventualitéite vun enger Situatioun kennen. Dat ass meeschtens net de Fall. Ass domat "déi voll Verantwortung" fir déi grouss Decisiounen net onméiglech?
Fir ëmmer glécklech ...
Wier et iwwerhaapt sënnvoll esou en Zil unzestriewen als Mënsch?
Ass nëmmen d'Wouerecht sënnvoll?
Bréngt et eppes iwwer Saachen ze schwätzen, déi net existéieren? Ironescherweis hunn Hypotheese vu Fuerscher a Fantasiegeschichten an där Hisiicht zimmlech vill gemeinsam.
Geloossenheet
E Liewen tëschent Stëllstand a Leeschtung?
Dierf ech stéieren?
Wisou et heiansdo wichteg ass ze widderspriechen.
D'Liewen, wéi et kënnt
Iwwer d'Lassloossen, d'Akzeptéieren an de Versuch, dat Bescht doraus ze maachen.
Wat ass gerecht?
D'Gerechtegkeet betrëfft eis net just als Individuum, mee och als Gesellschaft. Mee wat ass iwwerhaapt gerecht?
Wisou vertraue mir eis?
Eng berechtegt Fro an enger Welt, an där mir esou dacks vun aneren enttäuscht ginn.