Episoden
Eng (net) komplett Sinfonie
Dem Schubert seng "Unvollendete" trëfft op Wagner a Ravel.
Wann de Cor rifft
E Kammermuseksconcert am Kader vun de Veiner MusicDays, mat Wierker vu Mozart, Brahms, Reuter a Kurtág
Den Nussknacker
De perfekten, klassesche Chrëschtdag mam Tschaikowski, mat de Berliner Philharmoniker a mam Sir Simon Rattle
Crèche musicale de Noël
Bach, Mozart, Händel an Haydn, gespillt vu Kammermuseker aus de Solistes Européens, Luxembourg
Chrëschtdag-Playlëscht
Stëmm Dech an op d’Chrëschtdeeg mam Christophe Mirkes!
Au Seuil de l'Avent
E ganz feierleche Concert aus der Stater Kathedral, mat der Maîtrise, dem Ensembel Estro Armonico an dem Paul Breisch op der Uergel
Santa Claus is back in town
E Mix vu bekannten a manner bekannte Chrëschtlidder - presentéiert vum WDR Funkhausorchester.
Concertsduo perfekt fir d'Chrëschtzäit
E Programm, dee sech gréisstendeels ëm Chrëschtdag dréit, an dat mat Musek vum 20. an 21. Joerhonnert, an och nach aus der Zäit vum Barock.
Cembalo héich zwee
Bei dësem Concert héiert een direkt zwee Cembaloen. Et spillen d'Anne-Catherine Bucher an de Fons Van der Linden. Um Programm: Musek vu le Roux bis Boccherini
Iwwer d'Schéinheet an d'Zerbriechlechkeet vum Liewen
Dräi russesch Komponisten exploréieren d'Dualitéit vum Mënscheliewen tëschent Schéinheet a Schicksalsschléi. E Concert vum OPL ënner der Baguette vum Jukka-Pekka Saraste.
Live aus der Philharmonie - Christmas à la Hollywood
D'Solistes Européens, Luxembourg lueden an op ee Concert voller Chrëschtdagsstëmmung a fir matzesangen!
Past > Present > Future
De Lëtzebuerger Ensembel setzt zanter 25 Joer säi Fokus op d'Accessibilitéit vun zäitgenëssescher Musek.
E barocken drëtten Advent
De Freiburger Barockorchester an d'Sopranistin Julia Leschnewa mat 10 verschidde Komponisten aus dem Barock
D'Passioun vum Scarlatti mam EVL
Den Ensemble Vocal du Luxembourg interpretéiert dem Scarlatti seng Passioun am Kader vum Festival Echter'Classic.
Vergiesse Bijoue vum spuenesche Barock
Maacht mam Opus eng Entdeckung an d'Téin vum spuenesche Komponist Francesco Corselli.
Meeschterhaft - Julia Fischer a Măcelaru
Ofschlossconcert vum Chefdirigent Cristian Măcelaru, zesumme mat der renomméierter Geiistin Julia Fischer
Traditionell griichesch Lidder an e grousse Lëtzebuerger Solist um Cello
Um Echter'Classic Festival 2025 goufen et vill verschidde Concerten. Hei héiere mir der zwee, mat traditioneller Musek aus Griichenland a mam Matis Grisó als Solist um Cello.
OCL mam Alban Gerhardt
Ënner dem Titel "Casser les murs" proposéiert den OCL e Concert, bei deem d'Grenzen tëschent der klassescher Musek an der Filmmusek verschwannen.