Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. An der Äerdbieweregioun an der tierkesch-syrescher Grenzregioun lafen d'Rettungsaarbechten op Héichtouren. Den tierkesche President huet fir zéng Provënzen den Noutstand ausgeruff. D'Zuel vun den Affer beleeft sech op iwwer 5.000

2. D'Ukrain soll iwwer 100 Leopard 1 Panzer vun engem Grupp vun europäesche Staaten geliwwert kréien, dat sot deen däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius haut zu Kiew. Bis d'éischt Trimester 2024 sollen op d'mannst dräi Bataillounen domadder ekipéiert sinn

3. D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass an de leschten zéng Joer ëm 25 Prozent geklommen, Enn 2021 hu 644.000 Leit hei am Land gelieft. De Statec huet de Moien déi neisten Zuele presentéiert

4. De Fluchhafe Hahn ka momentan nach net vun engem russeschen Oligarch iwwerholl ginn, an enger Versammlung vun de Creanciere gouf et haut nach keen Accord. Dee russeschen Pharma-Investisseur Viktor Charitonin hat Interessi gewisen. Engem Porte parole vun de Creancieren no wieren nach ëmmer zwee Kandidaten am Gespréich, déi allebéid gutt Kaarten hätten. Bis Mäerz soll eng Léisung fonnt ginn

5. Déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt keng russesch Athleeten op der Olympiad an der franséischer Haaptstad. Am Géigesaz zum IOC ass si der Meenung, datt dat net géif goen, esou laang wéi de Krich an der Ukrain géif undaueren

6. De franséische Bankegrupp BNP Paribas wäert dem Lëtzebuerger Staat als Co-Aktionär eng 50 Milliounen Euro un Dividende bezuelen. De Bankegrupp huet d'lescht Joer e Rekordbenefice vun 10,1 Milliarden Euro realiséiert

7. RTL wëllt beim Editeur Gruner und Jahr eng ganz Rei Magasinner ofschafen oder verkafen. Bleiwe sollen awer grouss Nimm wéi Stern, Geo a Brigitte. Parallel sollen eng 700 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn

8. De Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier gouf haut zu enger Prisongsstrof vu sechs Méint verurteelt. Hie soll a senger Zäit als Deputéierten 160.000 Euro un ëffentleche Gelder un eng Associatioun iwwerwisen hunn, bei där hie selwer President war







Episoden

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Kardiolog an Untersuchungshaft, Preparatioun op nächst Manifestatiounen a Frankräich an Ufank vum 3. Spilldag an der Ligaphas vun der Fussball-Champions League
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Chômage am September weider bei 6,5% / Reunioun vum Comité de suivi Tripartite de Mëtteg / Kritik um Jugendpakt
headphones

16 min

play_arrow

Moiespanorama

Philharmonie: Verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro / Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider Entlaaschtunge fir d‘Leit / Frankräich: Éischt Ausgangsspären a Kraaft
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Philharmonie: Verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro / Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider Entlaaschtunge fir d‘Leit / Frankräich: Éischt Ausgangsspären a Kraaft
headphones

12 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Vignette belsch Autobunnen, neie Pakt fir d'Jugend a politesch Répercussioune vun de Manifestatioune vun e Samsden a Frankräich
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

De véierte Jugendpakt gouf presentéiert / No Eclat um EU-Sommet: Oppositioun stäipt Frieden de Réck / Protester: zu Paräis ass d‘Krisecellule nees zesummen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Macron: Huet zur Rou opgeruff no Gewalt bei Protester / Virun Tripartite: Oppositioun ass ënnerschiddlecher Meenung zu eventueller Verlängerung vu Subventioune vu fossillen Energie
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Macron: Huet zur Rou opgeruff no Gewalt bei Protester / Virun Tripartite: Oppositioun ass ënnerschiddlecher Meenung zu eventueller Verlängerung vu fossillen Energie-Subventiounen
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Tunnel Micheville: Eechtfall gouf geprouft / Frankräich: massif Ausschreidungen an Zerstéierungen / D.Trump soll de Stopp vun de russeschen Sanktiounen 60 Deeg testen
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Frankräich: schwéier Ausschreidungen no Manifestatiounen / S. Lecornu weist op LFI / Brasilien: Kapp u Kapp Renne virum 2. Tour vun de Presidentewalen
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Belsch: Wallonie géint Ausnahm bei Autobunns-Vignette/ Frankräich: landeswäit Mobilisatioun / Berlin: Duerchbroch Sondéierungsgespréicher / Poopst Leo XIV. aus Klinik entlooss
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

EU-Sommet: Lëtzebuerg verhënnert gemeinsame Conclusiounen iwwert d'Migratioun / Mobilisatiounsdag am Frankräich / D. Trump stoppt geplangten Taxe géint Russland
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Et koum erëm e Manneräregen an de Prisong op Schrasseg / EU-Sommet: um Enn gouf et Sträit ëm d'Migratioun /Frankräich: grousse Mobilisatioundag haut
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Parquet: Mannerjährege vu 15 Joer kënnt temporär op Schraasseg / EU Sommet: Ukrainesche President kritt Réck gestäipt / Dëschtennis EM: Ni Xia Lian verléiert an 8.tels-Finallen
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Regierung hëllt Gesetzestext iwwer Importverbuet aus besatene Gebidder un / EU stäerkt um Sommet zu Bréissel der Ukrain de Réck / LSC: 80 Kandidaten an neie Selektiounsprozess
headphones

11 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Januar 2027: d'Kannergeld gëtt erhéicht / Regierung steet hannert dem Gesetzesprojet fir Import-Verbuet aus israeelesche Siidlungen / Eu-Sommet: keen Accord iwwert de Budget en vue
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Kannergeld a Schoulgeld ginn erhéicht / Xavier Bettel wëll Import aus israeelesche Kolonie stoppen / EU-Sommet: Selenskyj krut Réckendeckung fir Attacken op russesch Raffinerien
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Xavier Bettel wëll Importverbuet aus illegale israelesche Kolonië / EU-Sommet: schwiereg Diskussiounen iwwer Budget / Jeunesse Esch saiséiert national Sport-Ethikkommissioun
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Chamber: "Neen" zur Obligatioun vun der LuxChat-App fir d'Fonction publique / EU-Sommet: Sträit ëm de Budget / Dëschtennis-EM: Ni Xia Lian a Sarah de Nutte an den 1/16 Finallen
headphones

12 min

play_arrow